Ufänger-Kannerturnéier Taekwondo

Mat beschter Laun an ganz vill Enthusiasmus hunn Kanner aus 7 FLAM - Veräiner haut hier éischten Kéier an der Mëtt vun engem Tatami gestan fir ob enger Turnéier ze kämpfen. Eis international Riichter hunn et verstan mat Fangerspëtzegefill an Humor och deem leschten Angscht ze huelen an seng "Feierprouf" ze maachen.
Voller Stolz konnten si duerno hiren Elteren, déi mat hiren Kanner gefeiwert hunn d'Medaillen weisen déi all Kand kroot. Eng flott Promotioun fir den Taekwondo zu Lëtzebuerg an engem flotten Kader an der Sportshal zu Biekerech. E groussen MERCI un all Verantwortlech aus den Veräiner, eis Mammen an Pappen déi gehollef hunn, an un den ganzen Comité fir déi excellent Organisatioun.
www.taekwondoteambeckerich.blogspot.com