Avenir Beggen - FC Luerenzweiler 4-3


Kurzfristeg gouf dësen Testmatch vu Luerenzweiler op de Beggener Trainingsterrain verluecht. D'Lokaléquipe hat just ronn 15 gutt Minutten an der éischter Halschent, den Arend konnt schon no 2' per Abstauber den 1-0 schéissen, wéi hien e Ball verwäert huet, deen de Keeper no engem Schoss vum Denigro net konnt festhalen. No an no sollt Luerenzweiler besser ginn an schliesslech, no 35', hu si den 1-1 geschoss. Mä nach virun der Paus konnt d'Nowuestalent Dany De Sousa Silva no engem schéine Solodribbel de Gäscht hiere Goalkeeper schloen (2-1, 44.').

An der 2.Halschent huet Beggen – denen haut e puer Stammspiller gefehlt hunn – vun de ville Luerenzweiler Wiessele profitéiert. No 71 Minutten krut den Demeyer de Ball ënner Kontroll, nodeems d'Gäscht en an der Verdeedegung verluer hunn, an hie konnt den drëtte Beggener Goal vum Owend markéieren. No 76' si Luerenzweiler erëm zum Uschlussgoal komm, wéi de Mersch e Ball net konnt festhalen an d'Gäscht vun där Situatioun profitéiert hunn. Nëmmen 2' drop ass de Spencer no engem 30m-Duerchmarsch virum Goal opgetaucht an hien huet beim 4-2 em Goalkeeper keng Chance gelooss. Mä nach war et net färdeg, 2' viru Schluss konnt Luerenzweiler nach eng Kéier verkierzen. [ An Zesummenaarbecht mam Lou Hartmann ]

[ Quell: www.wichtelweb.net ]