Avenir Beggen – Swift Hesper 2-2

Beggen huet eng gutt éischt Halschent an dësem Frëndschaftsmatch gespillt, virun allem no vir gouf et e puer gudd Aktiounen ze gesinn, während d'Défence nach heiansdo onstabil war. No 15' huet den Denigro eng Flank vu riets vum Varela perfekt op den Demeyer weidergeleet an deem säi Schoss ass wonnerschéin iwwer de Goalkeeper riets uewen an de Wénkel gaangen (1-0). Den zweete Beggener Goal war dunn d'Resultat vun enger Flank vu lénks vum Demeyer, déi den Hesper Keeper ënnerschat hat an seng Ofwier koum direkt beim Denigro un, dee per Kapp aus ganz kuerzer Distanz beim rietse Poteau zum 2-0 konnt erandrécken. Während der éischter Halschent hat de Swift dräi ganz grouss Chancen, wou de Chrismousse awer jeeweils sensationell Paraden gewisen huet an domat Beggen matt 2-0 an d'Paus bruet huet.

Nom Téi hunn d'Gäscht probéiert den Drock ze erhéijen, mä si hunn dovu profitéiert, datt hier ganz riets Säit op war, nodeems de Spencer mat an d'Attack war an net mat Zäiten zréck koum, fir op 2-1 ze verkierzen (60.'). Elo hat d'Lokalequipe e puer mol Chance bis Hesper dunn an der 78.' awer zum Ausgläich komm ass, wéi sie sech riets am Strofraum duerchsetzen a markéieren konnten. Mä den Avenir huet erëm an der Schlussphase méi no vir probéiert, mä et sollt fir keng Equipe méi duergoen, eng Victoire erauszespillen. E gudde leschten Test éier d'Saison e Freideg beim Leader zu Rouspert erëm ugeet.

Et sief nach gesot, datt den Testmatch géint Norden 02, deen en Dënschdeg hätt solle gespillt ginn, ofgesot ass.

[ Source: www.wichtelweb.net ]

More news by FC Swift Hesper >