Avenir Beggen - Victoria Rouspert 1-7


Eng Beggener Equipe bei där Schlësselpositiounen verletzungs- a vakanzebedingt net richteg besat waren, huet eng desolat Leeschtung gewisen an ass fatzeg ënner d'Rieder komm. Rouspert waren an alle Phase an an allen Deeler vun der Equipe iwwerléen, méi séier, méi aktiv.

No 14' ass den 0-1 no Fräistouss vu wäit lénks bausse gefall, wéi weder Goalkeeper nach Verdeedeger sech zoustänneg gefillt hunn an esou e Rousperter Stiermer konnt dee Ball vu riets erasetzen. Nëmme 6' méi spéit stoung et 0-2, eng Pass an d'Déift konnt den Isaias lénks erasetzen. Dee selwechte Spiller sollt an der 30.' matt engem Lob den 0-3 schéissen, virun der Paus (39.') konnten d'Gäscht esouguer nach den 0-4 markéien.

Nom Téi gouf bei der Lokaléquipe e bësse gewiesselt, d'Eranhuele vum Greiveldinger huet Ufanks fir e bësse méi Stabilitéit gesuergt. Esou konnt och den Denigro 5' nom Téi op 1-4 verkierzen, wéi hien eng Pass vum Demeyer vu riets konnt verwäerten. Mä nëmme kuerz drop war den alen Ofstand erëm hiergestalt, wéi d'Beggener Défence Spaléier stoung amplaz anzegräifen. An der 78.' an 79.' sollt den Debakel duerch zwee weider Goaler vu Rouspert perfekt gemat ginn. Deemno bleift nach ganz vill ze schaffen an de kommenden 5 Wochen vun der Préparatioun.

[ Source: www.wichtelweb.net ]