Avenir Beggen - Victoria Rouspert 4-1

D'Wiichtelcher feieren déi éischt Victoire säit ëm 13.Mäerz géint eng Rousperter Equipe, déi no der Wanterpaus kaum méi richteg Fouss konnt faassen, deels och duerch vill Verletzter. Mä Beggen hat fir eng Kéier och dat néideg Gléck.

An enger éischter Aktioun no 11' huet den Hamilton e Lob iwwer d'Défence an ëm Denigro op de Kapp gespillt, mä de Bürger konnt dee Ball nach halen. Mä 2' drop sollt et schon rabbelen: den Demeyer setzt sech op riets duerch, passt op den Denigro, deem säi Schoss de Keeper just konnt ofklatschen an dat ëm Dielty virun d'Féiss deen aus kuerzer Distanz mat sengen zweete perséinlech Goal dës Saison géint Rouspert den 1-0 markéiere konnt. Nom erneiten Ustouss krut Rouspert e Fräistouss ausserhalb vum Strofraum gepaff, deen de Chrismousse just am Nofaasse konnt festhalen. An der 15.' konnt eng weider Chance vun de Gäscht gekläert ginn, genau wéi an der 28.', wéi Greiveldinger an Nimsgern mat vereente Kräften konnten op der Linn fir de geschloene Chrismousse retten. Déi nächst Chance war erëm fir Beggen, e Fräistouss vum Hamilton vu lénks ass driwwer gaangen, eng Minutt éier den Denigro konnt op 2-0 erhéijen. Hie krut de Ball am 5m-Raum no enger gudder Viraarbecht vum Nimsgern iwwer lénks an huet de Ball mam flaache Fouss an de laangen Eck gedréckt. An der 39.' huet de Chrismousse eng weider Rousperter Chance annuléiert, während op der Géigesäit den Nzita eng Aktioun iwwer riets hat, déi de Bürger och konnt klären. Erëm op dëser Säit ass e Gewaltschoss vum Gielty aus vollem Laf a ronn 18 m just ganz knapp iwwert d'Latekräiz gaangen. En Aussetzer hat de Rouspert Keeper an der 43.', wéi säi vill ze kuerzen Ofschlag beim Denigro gelant ass, deem säi Schoss awer riets laanscht gaangen ass.

Direkt nom Téi (47.') konnt den Avenir d'Resultat esouguer nach eropschrauwen: e Fräistouss vum Nzita aus zentraler Positioun gouf onhaltbar fir de Bürger ofgefälscht an et stoung 3-0! Rouspert wollt sech awer net geschloe ginn a konnt an der 50.' duerch den Dos Santos no Flank vu riets op 3-1 verkierzen, mä d'Äntwert vu Beggen koum bal postwendend: no 54' huet Rouspert de Ball hanne vertendelt, de Randy huet am séierste reagéiert an op lénks op den Denigro geluet, dee keng Méi hat de 4-1 ze schéissen. An der 59.' ass e Fräistouss vum Gielty um Demeyer sengem Kapp gelant, mä dee Kappball goung e gutt Stéck driwwer. An der 70.' gouf e Schoss vum Vaz Dos Reis (dee virdrun fir den Demeyer erakomm war) esou just nach a Corner gekläert. E weidere Schoss vum Vaz Dos Reis no Pass vum Gielty iwwer lénks ass an der 78.' driwwer gaangen. Zu deem Zäitpunkt war Rouspert schon an der Ënnerzuel, gutt 10' virdrun war den L.Schuster vun de Gäscht wéinst enger Tätegkeet um Arbitter mat rout vum Terrain geflunn. An der 80.' huet de Vaz Dos Reis sech dunn, ähnlech wéi e Sonndeg zu Harel, virum Keeper verdribbelt, esou datt de Schlussmann sech de Ball konnt fëschen. 2' virum Enn vun der regulärer Spillzäit goung e Rousperter Kappball lénks laanscht, eng Minutt drop ass e Schoss vun de Gäscht aus 20m vum Chrismousse a Corner gelenkt ginn. Bei deem 4-1 sollt et och bleiwen.

[ Source: www.wichtelweb.net ]