Kee Fussball méi am Joer 2010!

D'Lëtzebuerger Footballfederatioun (FLF) huet de Muergen annoncéiert, datt am Joer 2010 kee Futtball méi wäert gespillt ginn. Opgrond vun de schlechten Zoustänn vun den Terrainen esou wéi vun de schlechte Wiederconditiounen, si sämtlech Matcher déi vun haut bis un d'Enn vum Joer um Programm stoungen annuléiert a wäerten op spéideren Datumen am Joer 2011 nogeholl ginn. Wéini genau dat wäert sinn, deelt d'FLF an engem weidere Message mat.

Dës Ofsoen gëllen natierlech fir de (scho verréckelten) Auswäertsmatch vun de Wiichtelcher zu Rouspert esou wéi vun de Beggener Junioren am entscheedende Match fir den Opstieg an d'2.Klass zu Sandweiler (och schon nei ugesat), déi fir dëse Weekend um Programm stoungen. Den offiziellen Halechampionnat (Futsal) bei der Jugend ass vun dëse Mesuren net betraff a geet wéi geplangt iwwert d'Bühn.

[ Source: www.wichtelweb.net ]