Konveniat

Konveniat


D’Meedercher an d’Jonge vum Joergang 1961/1962 vu Beggen hun sech getraff


Beggen. Op Initiativ vum Jackie Meyer-Kraus, Gérard Zimmer an Guy Kirsch hun sech d’Meedercher an d’Jonge vum Joergang 1961/1962 viru kurzem fir hiren 3. Konveniat getraff.

Um Programm stoung eng Visit vun der Grondschoul zu Beggen déi 2013 ganz renovéiert gouff. Vill Erënnerungen un d’Schoulzaït zu Beggen gouffen ausgetosch a fréier Geschichten a Spiichten erëm opgefrëscht. Duerno sin Si fir Iessen op „Juegdschlass“ um Eecherfeld gaang daat hinnnen aus Kannerzäiten bekannt wor. Op Initiativ vun engem Schoulkolleg kommen Si next Joer bei dësem doheem zesummen fir en flotten Grillowend .Jackie Meyer-Kraus

via mywort