Match Rouspert - Beggen elo den 12. Dezember

D'Kalennerkommissioun vun der Lëtzebuerger Fussballfederatioun huet haut matgedeelt, datt déi 1.Équipesmatcher, déi leschte Weekend wéinst de schlechte Wiederconditiounen ofgesot gi waren, nei ugesat gi sinn. Den 12.Spilldag an der Éirepromotioun an domat och de Match Rouspert – Beggen ginn elo den 12.Dezember nogeholl.

D'Matcher vun der BGL Ligue esou wéi vun den Divisiounen 1 bis 3 ginn och deen Dag gespillt. Neiusetzungen vun de Jugendmatcher goufe bis elo keng publizéiert. Et sief dann och nach eng Kéier dorop higewisen, datt de wichtegen Auswäertsmatch vu Beggen géint Lëntgen dëse Sonndeg net zu Lëntgen selwer gespillt gëtt. Well do den Terrain während dëser Saison renovéiert gëtt, ass de Match an d'Nopeschuertschaft Luerenzweiler verluet ginn.

Source: www.wichtelweb.net