Mir bauen eng Buerg

Dräi Deeg laang hunn d'Guiden a Scoute vu Beggen sech druginn fir hir Buerg mat Zäite fäerdeg ze kréien. An et ass hinne nees gelongen.

An de Woche virdrun goufen d'Beem an Holz organiséiert fir dës nei Konstruktioun ze bauen. Secherheet geet vir an esou huet jidderen en Helm gedroen. Mat Seeler, Sanglen a Karabiner gouf alles ofgesëchert.

Se wiren e Sonnden och eng Grimmel éischter fäerdeg gewierscht, hätten net eng sellesche Läit kéipwäiss ouni ze froen hiren Dreck ofgelueden. Anscheinend wor de Wee op ee Recycling-center ze wäit. Alles wat nit aus Holz wor gouf brav op d'Säit geluercht a ka gäre vun hire Besëtzer nees ofgeholl ginn...


Hei e kleng Billerstreck während der Bauphase vun der Beggener Buerg: