Pussy Riot - Protest virun der Russescher Botschaft

(L.E.) - D'Veruerteelung vun dräi Bandmemberen vun der russescher Formatioun „Pussy Riot“ huet fir weltwäit Protester gesuergt. Beim Beggener Schlass, war e Sonnden de Mëtten an deem Kontext eng Protestaktioun vun de „Jonke Gréngen“ virun den Dieren vun der russescher Botschaft.

D'Nadeschda Tolokonnikowa (22), d'Maria Aljochina (24) an d'Jekaterina Samuzewitsch (30) waren viru gutt enger Woch zu all Kéier zwee Joer Aarbechtslager veruerteelt ginn, well si zesummen mat anere Band-Memberen an der Christi-Erléiser Kathedral zu Moskau ee sougenannten Punk-Gebied virgedroen haten.

Den Numm vun der Band „Pussy Riot“ bezitt sech iwwregens op d'“Riot Grrr“ - Bewegung, déi Ugangs vun den 1990er Joeren am Us-amerikanesche Bundesstaat Washington opkoum, a wou et am wesentlechen dorëmmer gaangen ass weibleche Museker eng Chance ze ginn sech an der deemools vu Männer dominéierter Musekszeene duerchzesetzen.

Hei fannt Dir weider Informatiounen op Däitsch:
http://www.wort.lu/de/search?query=pussy%20riot


op Franséisch:
http://www.wort.lu/fr/search?query=pussy%20riot


an op Englesch:
http://www.wort.lu/en/search?query=pussy%20riot



Fotos: Xavier Bechen