Rouspert - Beggen ofgesot


Wéi d'FLF de Muerge matgedeelt huet, sinn all d'Matcher déi fir haut a muer ugesat waren, ofgesot. Als Grënn fir dës generell Ofso goufen déi schlecht Conditiounen vu villen Terrainen queesch duerch d'Land genannt, nom ville Reen an ëm Stuerm aus de leschte Stonnen an Deeg, esou wéi och d'Wiederprevisioune fir déi nächst Stonnen.

Dëst betrëfft natierlech och ëm Avenir Beggen säi Match beim Tabellenéischten zu Rouspert. Beweis fir déi schlecht Conditioune vun den Terrain war schon de Wues an der Dunant-Strooss, deen traditionell gutt ass an esou Wieder normalerweis standhält. Gëschter konnt nämlech net dorop trainéiert ginn, well de Risiko ze héich war, e futti ze maachen. Dofir ass d'1.Équipe op de synthetesch trainéiere gaang. Mä net just d'Matcher vun der BGL Ligue bis an d'3.Di visioun sinn annuléiert, och de ganzen Dammen- a Jugendchampionnat hu missen ofgesot ginn, dorënner d'Beggener Scolairen (auswäerts zu Märel), Minimen (auswäerts zu Miersch), d'Pupillen (doheem géint den RFCU Lëtzebuerg) an d'Bambinien (auswäerts zu Hesper). De Poussinen hire Match zu Rodange gouf schon am Virfeld souwisou op e spéideren Datum verréckelt.

Wéini all dës Matcher nogeholl ginn, ass bis elo nach net gewosst. Offiziell Nohuelterminer fir d'Éirepromotioun virun der Wanterpaus sinn de 24.November, esou wéi den 1., 8., 12., 15. an 19.Dezember. Domat fënnt de nächste Match vun de Beggener Wiichtelcher e Sonndeg, den 21.November statt, daat Ganzt zu Luerenzweiler géint Lëntgen. Amplaz vum Match haut huet de Jos Steffen en Training e Sonndeg de muergen ugesat.

Source: www.wichtelweb.net