Flotten éischte Fräizäittournoi an der Hal

A sech war et e flotten éischte Fräizäittournoi deen den Avenir Beggen organiséiert hat, trotz datt et leider e puer negativ Begleederscheinunge gouf: e puer Toperten hunn dat matt der Fräizäit falsch verstan gehat an onnéideg Aggressiounen a virun allem masseg Provokatiounen, béiswëllegen ëffentlechen Ënnerstellungen a gréisser Respektlosegkeet vis-à-vis vum Organisateur a vun allen Équipen, déi deelgeholl hunn, vu sech ginn.

Mä zum Schluss muss ee festhalen, datt de bei wäitem gréissten Deel vun den 10 Équipen, déi do waren, den Tournoi flott fonnt hunn a sech um Samschdegnomëtten gutt ameséiert hunn an och Frëndschafte konnte geknäppt oder gepflegt ginn. Gewënner vum Tournoi gouf d'Jugendhaus Amigo 2, virun Olympia Dortmund an em Jugendhaus Amigo 1. Soss nach derbäi waren eis Frënn vum FC Gronn 08, vun de Chalet Kickers an em Eintracht Fan-Club Lëtzebuerg, der JEC, em Spartak Walfer, der Stroossener Una an natierlech d'Yellow Boys Beggen. Allen Équipen e grousse Merci fir hier Participatioun a matt e bësse méi Sportsgeescht vun e puer Eenzelen gëtt et och eng zweet Oplo vun dësem Halentournoi!

[ Source: www.wichtelweb.net ]