Gebuertsdagsfeier am Home Pour Personnes Âgées Sacré-Coeur um Belair

Lëtzebuerg-Belair. Kierzlech ass am Home Pour Personnes Âgées Sacré-Coeur de Gebuertsdag vun de Bewunner gefeiert ginn, déi am Januar, Februar a März gebuer sinn. Dës Kéier waren et 36 Jubilaren, déi ee Kaddo kruten. Mat engem Glas Cremant, Kaffi a Kuch ass op d’Gebuertsdagskanner ugestouss ginn. Famill a Bewunner hunn nach ee gemittlech Nomëtteg verbruecht mat flotter Musik an d’Animatiounsteam vum „Club R“ huet fir gutt Laun gesuergt. Folgend Bewunner sinn geéiert ginn:

Madame Marie-Thérèse LANGEHEGERMANN, Här Ernest PINSCH (77 Joer); Schwëster Regina SPEICHER, Madame Monique WEBER (79 Joer); Madame Edmée ASSA-BOEVER, Madame Irène GENGLER-SCHAUS (80 Joer); Madame Anne-Marie MANDRES-PROBST, Madame Cecile MICHELS-LORANG (81 Joer);Schwëster Marga THILL (82 Joer); Madame Maggy SCHUSTER (83 Joer); Madame Jacqueline COLLING, Madame Maria Zita REISCHL-MOSELER (85 Joer); Madame Josette LEYDER, Madame Jeannette MÜLLER-LITOLF; Madame Margot WEIGEL-GENSON, Här Robert QUINTUS, Här Pierre REIFENBERG (87 Joer); Schwëster Franziska PILLON, Madame Suzanne BURGGRAFF-HUSS, Mme Jeanne STELMES-JUNK, Här René STEICHEN (88 Joer); Madame Marie-Thérèse FEIDER-WENKIN (89 Joer); Madame Yvonne BUCHEL, Madame Julianne MOLITOR, Madame Berthe REIFF-ANDRES (90 Joer); Madame Helène DIDIER-MANTERNACH, Madame Dora Johanna GAUL-KÜHN, Madame Alice GLODÉ-FELTEN, Madame Maria NAPPI-CASELLA, Här Paul BIVER (91 Joer); Madame Adrienne JACOBY (92 Joer); Madame Marie SCHMIT-MILLER (94 Joer); Madame Marie-Thérèse SIMON-CLEMENT (96 Joer); Madame Jeanne KOCH-GROSSE (97 Joer); Madame Anne STEINMETZER (99 Joer); Madame Marthe THILGEN-REULAND.

D‘Direktioun huet allen Gebuertsdagskanner alles Guddes gewënscht an nach weider eng gutt Gesondheet a vill Freed um Liewen.