1.Gebuertsdag vum Restaurant Madame Witzeg

Kee Kaddo! Mir stellen eng Këscht.


En Häerzensprojet vun der Associatioun Trisomie 21 Lëtzebuerg a.s.b.l. ass Realitéit ginn.


D’Erausfuerderunge wore grouss! E Konzept ausschaffen, dat richtegt Lokal fannen, den néidege Fong sammele fir d‘Schafung vun enger S.à r.l., eng Pandemie duerchstoen (vun där besonnesch de Gastronomie-Beräich betraff war), déi néideg administrativ Demarchë vollzéie betreffend Autorisatiounen a ministeriell Konventiounen, d‘Zesummefanne vun engem ganz neien Team…


4 Joer laang ass de Projet gréisstendeels vu Benevolen ausgeschafft ginn an elo si mir stolz den 21. Januar 2024 zu Bieles op der Waassertrap soen ze kënnen: Happy Birthday Madame Witzeg!


D‘Team vum Restaurant Madame Witzeg gëtt ëmmer méi grouss, sou datt mëttlerweil 8 Leit mat ënnerschiddleche Beanträchtegungen hei schaffen an hiert Potenzial weider entwéckele kënnen, fir op deem Wee Deel vun eiser Gesellschaft ze sinn.


Mat Freed begréisst d’Ekipp Iech vu méindes bis freides um Mëttesdësch. De Restaurant ass awer ganz villfälteg a sengen Offeren an opgeschloss fir méi besonnesch Ufroen, sief et fir e Catering, e Mëttesiesse fir är Schoulklass, dëst zesumme mat enger Presentatioun zum Thema Handicap, eng Gebuertsdagsfeier bei der Madame Witzeg oder e gemittleche Keelenowend a.s.w.


Fir awer och nach kënnen den 2. Gebuertsdag souwéi vill weiderer ze erliewen ass de Restaurant Madame Witzeg op finanzielle Support ugewisen.


Dir wëllt de Projet ënnerstëtzen? Är Spend hëlleft d’Zukunft vum inklusive Restaurantsprojet „Madame Witzeg“ ze garantéieren a weider Aarbechtsplaze fir Leit mat enger Beanträchtegung ze schafen. Drot esou Ären Deel zu enger méi inklusiver Gesellschaft bäi.


D’ganzt Team vum Restaurant „Madame Witzeg“ seet Merci fir Äre Bäitrag a freet sech op Ären nächste Besuch.


Kontakt:
Restaurant Madame Witzeg
Tel.: 26 59 40 83 / 621 737 391
Mail : info@madame-witzeg.lu
Site : www.madame-witzeg.lu + www.trisomie21.lu
Adresse : 60, rue Waassertrap, L-4408 Belvaux