De Plooschter Projet ënnerstëtzt den LIH an Stefan Morsch Stiftung

De Plooschter Projet hat seng Generalversammlung a Gadder zu Bieles. 2023 war ee Rekordjoer mat 2398 neie registréierte Spender.

D’Stefan Morsch Stëftung krut ee Scheck vun 10.000 € . Domat kann d‘ Auswäertung vun 250 Analyse fir an déi weltwäit Datebank finanzéiert ginn.

Een zweete Scheck vu 25.000 € huet den LIH ( Luxemburg Institute of health) kritt fir hiren vill verspriechenden Fuerschungsprojet Time CLL iwwert Leukemie ze ënnerstëtzen.

MERCI jidderengem den do war,eis ënnerstëtz, sech registréiert, eis eng Spend mëscht , Benevole bei eis ass , Comitésarbecht mëscht an eis esou hëlleft am Kampf géint Leukemie !