Generalversammlung vum Cercle Vocal
De Cercle Vocal Bel Val-Metzerlach kuckt weiderhin mat Zouversicht an d’Zukunft
Kuerz no Dräikinnegsdag huet de Cercle Vocal Bel Val-Metzerlach op seng Generalversammlung invitéiert.
An hirer Begréissung ass d’Presidentin Danielle Gratias drop agaangen, dass d’Situatioun am Chouer sécher net optimal ass, de Cercle Vocal huet am Moment keen Dirigent an besteet och just nach aus engem klenge Groupe Sängerinnen.
An dach sin d’Sängerinnen dankbar, dass sie kënnen an däerfen sangen. Et mecht hinnen ëmmer nach vill Freed zesummen intensiv ze prouwen an de Cercle Vocal esou weiderhin um Liewen ze halen. Och vill positiv Echoen am Laf vum Joer loossen d‘Sängerinnen mat Zouversiicht an d’Zukunft kucken an sie sin bereet all musikalesch Erausfuerderungen unzehuelen.
Dat ass awer och nëmmen méiglech, well de Cercle Vocal net eleng ass, mä op vilfälteg Ënnerstëtzung ziele kann.
Den Aktivitéitsbericht vum Karin Rolgen-Kneip huet gewisen, dass de Kalenner gutt gefëllt war. Niewt 39 Prouwen an 16 Begriefnismassen huet de Cercle Vocal all grouss a kleng Feierdeeg gesanglech matgefeiert. En Héichpunkt war sëcherlech de meditative Concert mat Texter a verschidden Vertounungen vum „Ave Maria“ an dem „Magnificat“ am Kader vun 400 Joer Oktav.
D’Simone Mesenburg-Biver huet an hirem Finanzbericht en „excédent de recettes“ däerfe feststellen, sou dass de Chouer momentan eng gutt finanziell Basis huet.
Och dëst Joer ass de Cercle Vocal frou, erëm laangjäreg Memberen konnten auszezeechnen. Schon am November ass d’Lony Belche-Gillen intern fir 50 Joer Engagement am Chouer geéiert gin. D‘ Karin Rolgen-Kneip huet vun der UGDA d’Médaille en argent Grand-Duc Adolphe fir 50 Joer iwwerreecht kritt.
Nodeems Vertrieder vun der Gemeng, der UGDA, der Bieleser Entente an der Kierchefabrik hire Merci, hir Felicitatiounen an hir gutt Wënsch fir d’Zukunft zum Ausdrock bruet hunn, konnt de Cercle Vocal op säin traditionelle Patt mat Dräikinnegskuch invitéieren.
Karin Rolgen-Kneip