De lëschten 31 Januar huet d’Madame Speller-Dostert Odette vu Bäertref hier 90 Joer zesumme mat hirem Bouf gefeiert. De Schäfferot vun der Gemeng Bäertref huet dës Geleeënheet genotzt fir dem Odette déi häerzlechst Gléckwënsch vun de Bierger vun der Gemeng Bäertref ze iwwerbréngen.
Gebuer 1935 zu Bäertref gouf d’Odette den 22. Dezember 1966 ob eiser Gemeng mam Jos Speller vu Bäertref bestuet deen 2012 vun eis gaangen. Hat huet laang Zäit am fréieren Hôtel Dostert (haut Trail-Inn) geschafft. D’Odette wunnt haut zesumme mat sengem Jong Dan an der Hammhafferstrooss an engem Haus mat enger wonnerbarer Vue op d’Plateaue Richtung Däitschland an ass nach ganz aktiv am Stot.
Mir wënschen dem Odette nach weider eng gutt Gesondheet a vill Energie fir d’Zukunft.