D’ Madame Stolz Denise vu Bäertref feiert hir 90 Joer
De lëschten 28 Februar d’Madame Stolz Denise vu Bäertref hier 90 Joer kritt. De Schäfferot vun der Gemeng Bäertref huet et sech net huele gelooss der Madame Stolz déi häerzlechst Gléckwënsch vun de Bierger vun der Gemeng Bäertref ze iwwerbréngen.
Gebuer 1936 zu Schaerbeek an der Belsch gouf sie 1978 mam Morosini Georges vun Athus bestuet an sie hun duerno am Grand-Duch op verschiddene Platze gewunnt bis de Georges 2008 gestuerwen ass. Am Joer 2021 ass Denise vun Hollenfels an en Appartement an der Senioreresidenz “Am Park” ob Berdorf geplënnert, wou sie vum zoustännege Pfleegepersonal gutt encadréiert gëtt.
Mir wënschen dem Denise nach fir d’Zukunft weider eng gutt Gesondheet