Biereng, Konveniat vun de Schouljoren 1957 – 1968

Biereng, Konveniat vun de Schouljoren 1957 – 1968

Viru kuerzem hu sech déi fréier Primär Schülerinnen a- Schüler vun de Schouljoren 1957-1968 aus der Bierenger Primärschoul fir hire véierte Konveniat erëmgesinn. D’Schoulmeeschtere Carlo Schiltz a Léon Bley waren och mat um Rendez-vous.

Nom Éierewäin deen d’Gemeng offréiert huet war et eng Fotoausstellung vun deemools, zesummegestallt vum Romain Krier a Claude Bettendroffer, déi grousse Succès hat.

Beim Owesiessen am Restaurant A Guddesch hunn d’Bierenger hirer verstuerwener Joffer Marie Schilling an hire Komerodinnen a Komerode geduecht. De Carlo Schiltz huet de Film vum leschte Konveniat gewisen, wärend deem vill schéin Erënnerungen un déi deemoleg Zäit opgefrëscht goufen.

Eestëmmeg ass beschloss ginn, fir sech an Zukunft méi oft erëmzegesinn.

Organisatioun: Jacquelie Fellens, Guy a Claude Bettendroffer, Foto: Henri Krier