Chrëschtfeier bei der Amicale vum 3ten Alter Préizerdaul

Wéi all Joer hat d’Amicale vum 3ten Alter Préizerdaul all seng Memberen och dëst Joer op seng Chrëschtfeier agelueden fir kuerz viru Chrëschtdag bei engem gudde Festmenü e puer schéiner Stonne mateneen ze verbréngen.

Am Verlaf vun dëser flotter Feier, si follgend Jubilaren mat enger flotter Corbeille fir hire Gebuertsdag geéiert ginn.

Fir 85 Joer: Dieter Wandrey, fir 80 Joer: Bruck Christine, Derneden René, Derneden-Moes Anne, Gergen-Peschon Marthe, Peschon-Huberty Marie-Thérèse.

Zum Aafschloss huet d’Präsidentin Marichen Martiny schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer bei gudder Gesondheet gewënscht a jidderengem e klenge Cadeau iwwerreeche gelooss.