Commemoratiounsdag an der Gemeng Préizerdaul
to see more pictures.
Och an der Gemeng Préizerdaul ass dest Joer traditiounsgeméiss de Commemoratiounsdag gefeiert gin. No dem Nidderleeën vu Blumen beim Denkmal ënnert de Kläng vun der sonnerie aux morts, huet de Buergermeeschter Marc Gergen un di vill Evenementer an der Welt erënnert, wou mir hei zu Lëtzebuerg bis haut no 80 Joer nach können am Fridden zesumme liewen. No der d’Gedenkfeier huet d‘Préizerdauler Musik d’Heemecht gespillt. Uschléissend huet de Pater Jean- Jacques Flammang de Gottesdëngst an der schéin gerëschter Kierch, zelebréiert, den vum „Ensemble Vocal Préizerdaul“ mam Organist Francis Glesener, musikalisch verschéinert gouf. Mam Ufänken vu Kerzen um Altoer ass och un die verstuerwen Préizerdauler Matbierger erënnert gin, déi am Krich hirt Liewen fir äis Fräiheet hu missen loossen. Dat waren: Harpes Jempy, Pletschet Alfred, Mangen Alfons, Sibenaler Jempy, Zigrand Aloyse, Besenius Willy, Kousmann Aloyse an Seyler Emile.(CR) (Fotoen: Charles Reiser)