Generalversammlung Supporterclub Marie Schreiber- am Zeeche vun Solidaritéit


Préizerdaul :Kierzlech huet de Supporterclub vun der Cyclistin Marie Schreiber seng alljärlech Generalversammlung ofgehalen.

De President Servais Antony konnt eng grouss Zuel u Memberen begréissen, wat nach eemol déi staark Begeeschterung fir de Veräin ënnerstrach huet. Ënnert de Gäscht waren och de Buergermeeschter Marc Gergen an de Schäffen Marc Rehlinger aus der Gemeng, déi mat hirer Präsenz hir Ënnerstëtzung gewisen hunn.

A senger Aféierung huet de President op déi vergaange Saison vum Marie zeréckgekuckt. Dës war net ëmmer einfach, well d’Sportlerin och mat gesondheetleche Réckschléi ze kämpfen hat. Trotzdeem konnt si staark Resultater erreechen: eng éischt Plaz, e puer weider Podiumsplazen an eng beandrockend 10. Plaz bei der Cyclocross-Weltmeeschterschaft zu Hulst. De Supporterclub huet d’Sportlerin am Laf vum Joer mat vill Engagement begleet an ënnerstëtzt, sief et op de Course selwer oder hannert de Kulissen.

Am Laf vun der Versammlung goufen déi verschidde Rapporten presentéiert. De Sekretärin huet d’Aktivitéite vum Joer nach eemol zesummegefaasst, sowéi och een Réckbléck op déi ganz Saison vum Marie gemaach, wärend de Keessier en detailléierten Iwwerbléck iwwer d’Finanze ginn huet. D’Memberen hunn de Verantwortleche fir hir Aarbecht Merci gesot an d’Rapporte goufen eestëmmeg ugeholl.

Och d’Zukunft war en Thema: Fir dat kommend Joer si schonn eng Rei Aktivitéiten an Ënnerstëtzungsaktioune geplangt, fir d’Marie weiderhin op hirem sportleche Wee ze begleeden. De Supporterclub wëll dobäi weiderhin eng wichteg Roll spillen, fir d’Begeeschterung ronderëm de Cyclissem an d’Leeschtunge vun der Sportlerin ze deelen.

Zum Ofschloss vun der Generalversammlung gouf och dëst Joer erëm eng solidarësch Aktioun ëmgesat: De Supporterclub huet e Scheck vun 1.000 Euro un d’Associatioun Les Tandems de la Vue iwwerreecht. Dës engagéiert Asbl organiséiert Vëlostouren a fiert mat Tandemen zesumme mat Leit, déi net méi gesinn oder eng Séibehënnerung hunn, a mécht esou de Cyclissem fir jiddereen zougänglech.

D’Versammlung ass an enger frëndlecher an motivéierender Atmosphär op en Enn gaangen, bei engem gemittleche Patt an engem klengen Häppchen.