Préizerdauler Schoulkanner ganz aktiv am Bësch
to see more pictures.
Préizerdaul: An Zesummenaarbecht mat der Nohaltegkeetskommissioun huet d’Gemeng Préizerdaul Ënn Oktober d’Aktioun „Ee Bam fir all Préizerdauler Awunner“ weidergefouert. An dëser 2. Phase hun d’Kanner mat hirem Léierpersonal aus dem Cycle 4 zesummen mam Fieschter Mike van Rijen a sengem Team déi next 400 Planzen, e Mix aus Bichen, Ahorn an Eechen „op der Haardt“ zu Proz, am Bësch geplanzt. Mat interessanten Beispiller wéi e richtig planzt sin d‘Schoulkanner mat Begeeschterung un hir Arbicht gaang a waren och ganz frou , fir bei deser naturverbonnener Aktioun mat ze machen. Géint Mëtteg huet jiddereen eppes Guddes vum Grill zervéiert kritt, wou och de Buergermeschter Marc Gergen zesummen mat sengem Schäffen Fernand Muller, de Konseillers Esther Trinian an Enzo Colamonaco mam Komitee vun der Nohaltegkeet aus der Gemeng Préizerdaul ganz positiv iwerrascht waren vun deser flotter Aktioun mat de Schoulkanner an duefir och jidderengem Merci gesoot vir hirt matmachen. (CR) (Fotoen: Charles Reiser)