Victoire géint Kehlen


Ouni 2 Stammspiller war et e Samsden den Owend den erwaarten schwéieren Match géint eng jong Kehlener Ekipp. Kehlen haat den besseren Start an sinn direkt op 7 Punkten fortgezunn. Mat 2 erfollegréich Dréier hannerteneen sinn mer runkomm an duerno ass et hinn an hier gaang. Mat enger gudder Defense ass et eis gelongen den Break ze maachen an sou louchen mer zuer Paus knapp fir.
Mir sinn gudd an den drëtten Véierel rakomm an hunn d'Avance bis op 12 Punkten ausgebaut.Wien dunn geduecht hätt den Match wär gespillt, haat sech geirrt.
Kehlen huet eng Pressdefense gespillt, mir hunn e puer falsch Decisiounen gehol an vill ze schnell aus schlechten Positiounen opgeschoss waat dem Géigner et erlaabt huet emmer méi no erunn ze kommen an baï 66 zu 66 auszeglaïchen. Mir haaten nach eng Chance de Match ze gewannen, mee den Draïerversuch ass derlaanscht gaang.
Esou ass et an d'Overtime gaang. Do hunn mer eis Kräften nach eng Kéier all mobiliséiert fir den Match schloussendlich 78 zu 71 ze gewannen.