Expo: FUELBOX, 11. Editioun.

09
Oct
2026
09 Oct 10 Oct 11 Oct 16 Oct 17 Oct 18 Oct

D'Konschtausstellung FUELBOX charakteriséiert sech virun allem duerch hiert Pop-up-Stil-Konzept, dat an ongewéinleche Lokaler stattfënnt, an duerch d'Kombinatioun vun etabléierte Kënschtler a Newcomer. D'Serie, organiséiert vun engem non-profit-Kënschtlerkollektiv, brécht bewosst mat der traditioneller, oft steriler Galerie-Atmosphär a mécht déi zäitgenëssesch Konscht fir e grousse Publikum zougänglech – vu Sammler bis zur Allgemengheet. Gratulatioun un d'Organisateuren a Kënschtler. Entdeckt d'Wierker vun ongeféier achtzeg Kënschtler an der Schoul am Duerf zu Beetebuerg! De Wee lount sech. D'Ausstellung ass op bis den 18. Oktober, all Freideg, Samschdeg a Sonndeg vun 14 Auer bis 19 Auer.