Hierschtmaart fir den Déiereschutz vun der CMM Kreativ Asbl

12
Sep
12 Sep - 13 Sep

Mir wëlle mat Ärer Hëllef den Déieren hëllefen. Mir hunn vill Zäit a Léift an eis kreativ Aarbecht gestach fir Iech den 12. September vun 10:00 bis 17:00 an den 13. September vun 14:00 bis 17:00 eis Wuere kënnen unzebidden. Kommt och gären eng Taass Kaffi drénken an a gemittlecher Atmosphere en Stéck Kuch iessen. Och eng Tombola an där all Lous gewënnt waart op Iech.