50 JOER BLUTTSPENDER BEETEBUERG

E grousse Gebuertsdagskuch huet net däerfe feelen.


D'Bluttspendervereenegung Beetebuerg huet seng Memberen a Frënn invitéiert fir hire 50. Gebuertsdag ze feieren. Vertrieder vun der Gemeng Beetebuerg, der Croix-Rouge, de Lëtzebuerger Bluttspendervereenegungen, de jumeléierten Verbänn aus dem Ausland, an de President vun de Bluttspender vu Flaibano (Italien) hun sech eng Éier draus gemaach fir op desem Fest präsent ze sinn. De President Norbert Conter ass a sengem Réckbléck op déi markant Momenter zënter der Grënnung vun de Beetebuerger Bluttspender agaang. Den Direkter vun der Croix-Rouge sou wi  d'Gemengevertrieder hun d'Wichtegkeet an de Notzen vun de Bluttspenden an d'Aktiounen vun de Bluttspendervereenegungen zu Lëtzebuerg ervirgestrach. Als feierlechen Ofschloss vum 50. Anniversaire gouf e wonnerbart Iessen "An de Wisen" zerwéiert.