Bazar zu Gonschten vun der Asbl Abbé Jean Heinisch a Bicher fir e gudden Zweck.

Lëtzebuerg. De Week-end vum 18. an 19. Mé war nees de flotte Bazar mat philippenescht Iessen, spuenesch Paëlla, Gegrills a Pâtisserie zu gonschten vun der Asbl Abbé Jean Heinisch an der Kommunitéit vun der Häerz Jesu Kierch am Garer Quartier. Et war och e Vide-grenier an eng schéin Tombola, en Zauberer, Spiller fir Kanner, Bingo a Musek an Danz um Programm. Den Erléis ass fir arem Leit sans abri, Drogenofhängecher, jonk Leit ouni Arbecht a Familljen a Schwiergegkeet. Bei dëser Geleegenheet ass dann och en Don vu Kannerbicher am Wäert vun 3400 vun der Kënschtlerinn Sylvie Collignon-Mathieu gemaach ginn.