Ugangs Januar hunn d´Sängerinnen an d´Sänger vun der Chorale Municipale Sängerfreed vu Beetebuerg sech getraff fir 30 Joer Direktioun vun hirer Dirigentin, dem Nancy Back-Kelsen, ze feieren. A senger Begréissungsried huet de Präsident Lucien Einsweiler vill Éieregäscht kënne begréissen. Niewent dem Buergermeeschter Laurent Zeimet konnt hien och d´Schäffin Josée Lorsché, de Schäffe Jean-Marie Jans a vun der Ugda, d´Madamm Patricia Kohnkow an de Generalsekretär Marc Thill begréissen. D´Chorale Sängerfreed hat och all Museks- a Gesangveräiner aus der Gemeng invitéiert fir bei dem speziellen Evenement mat ze feieren. Och waren d´Marie-José Hengesch als laangjäreg Pianosbegleedung an de Guy Goethals vum Ensembel Estro Armonico mat derbäi. De Präsident ass op di verschidden Etappe vun der Dirigentin hirem Wierke bei der Chorale agaangen. Sou huet hie festgestallt dat d´Nancy bis dato 223 verschidde Concerten an deenen 30 Joer dirigéiert huet an eng 1350 Prouwe mat de Sänger ofgehalen huet. Si huet ënner anerem am Laf vun de Jore 26 verschidde Schlassconcerten am Summer a 24 Concert Spirituel um 2. Adventssonndeg dirigéiert. Speziell ernimmt gouf nach eng Kéier de leschte Schlassconcert wou d´Sängerfreed iwwert Brécke gesongen huet an dobäi och d´Uropféierung vum Stéck : « Kuckt do: eng Bréck » um Programm hat. Dëst Museksstéck gouf komponéiert vum Marco Pütz no engem Text vum Jean Back. Och eise grousse Succès mam leschte Concert Spirituel, wou de Requiem vum W.A.Mozart opgefouert gouf, ass nach eng Kéier ernimmt ginn. D´Nancy Back-Kelsen krut den Owend Plaquette de reconnaissance Jean-Antoine Zinnen vun der Ugda iwwerreecht ier de Präsident zum Schluss vu senger Ried der Dirigentin am Numm vun alle Sänger eng flott Skulptur iwwerreeche gelooss huet vum dem Künstler selwer, dem Assy Jans. Hien huet och eng kuerz Beschreiwung vun der Skulptur gemaach. Si stellt a moderner Form eng Hand duer, eng Hand déi eis dirigéiert. Duerno huet de Buergermeeschter nach dem Nancy Merci gesot fir hir Aarbecht an eisem Veräin. Dunn hat de Jhemp Gangler d´Wuert ergraff an hien huet op eng humorvoll Aart a Weis eis den Oflaf vun enger Prouf mam Nancy méi no bruecht. Hien hat am Laf vun de Joren ëmmer emol Spréch an Ausdréck vun der Dirigentin notéiert an huet se du genësserlech kommentéiert. Bei engem gudde Glas Crémant, Appetithäppercher an engem flotte Gebuertsdagskuch konnten d´Leit dunn e Film vun enger Stonn kucken deen di lescht 30 Joer Direktioun mat eiser Dirigentin zum Thema hat. Dësen Zesummeschnëtt vu Filmer aus deene leschte Jore gouf realiséiert vum Jeanny Kettel a Claude Bettendroffer. Et gouf nach munnech flott Anekdot erzielt ier d´Leit sech mat ville gudde Wënsch un d´Nancy nees op de Wee no Heem gemaach hunn.
Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg