Chrëschtaktioun vun de Schoulkanner vu Krautem

Hand an Hand fir den Cent Buttek Beetebuerg

Mat Begeeschterung a Freed hunn d’Kanner vu 6 Klassen aus der Grondschoul vu Krautem sech agesat fir Chrëschtdag d’Beneficiaire vum Cent Buttek Beetebuerg ze ënnerstëtzen. 86 Akafstute voll mat Iesswueren an Toilettenartikele goufe gesammelt, zortéiert an op Beetebuerg geliwwert.

An enger flotter a laanger Ketten hunn d’Kanner vum Cycle3 (Mad. Garcia a Mad. Nestler) d’Akafstuten aus der Camionnette vun Hand zu Hand bis an de Beetebuerger Buttek gereecht a geschleeft. Déi Responsabel vum Buttek hu villmools Merci fir déi fantastesch Aktioun gesot, a kuerz erzielt wéi d’Cent Butteker funktionéieren, datt iwwer 100 Famillen deenen et net esou gutt geet, zweemol an der Woch fir symbolesch 2 € “akafe“ kommen.

www.centbuttek.lu