De Le Réveil Bettembourg kuckt op der AG op en erfollegräicht Joer 2023 zeréck

D’Astellen vun enger neier professioneller Trainerin, d’Ariichte vun engem zousätzlechen Turnsall, an d‘Opmaache vun engem neien inklusiven Turngrupp – voilà de Bilan vum Steve Hoscheid a sengem éischte Joer als Präsident vum Turnveräin Le Réveil Bettembourg.


De Veräin huet och 2023 eng sellechen éischte Plazen an Eenzel- an Equippenchampionnater ze verbuchen. Ervir ze hiewe bei de sportleche Meritten ass dem Mathis Kayser seng Qualifikatioun fir d‘Junioren Europameeschterschaft d’lescht Joer an dem Gilles Andring seng Nominatioun als Juge fir d’Olympesch Spiller zu Paräis dëse Summer.

De Präsident huet der Oeuvre Grande Duchesse Charlotte an der Gemeng, deen Owend representéiert duerch de Gusty Graas an d'Josée Lorsché, fir hir Ënnerstëtzung an divers Subside merci gesot. Een dovu war fir nei Tuniquen, déi deen Owend virgestallt goufen. Mam Dan Pütz huet de Veräin och en neie Member an de Comité opgeholl.