De Luc Klonski (CSV) présentéiert séch

De Luc Klonski (32) wunnt haut mat senger Partnerin Najlaa Mahboubi zu Beetebuerg, ass awer zu Fenneng opgewuess. No enger Ausbildung zum Assistant social huet de Luc Politik studéiert a schafft elo bei der Sécurité sociale.

"Ech sinn zu Fenneng opgewuess a fille mech och nach ëmmer op den Dierfer doheem. Ech wëll mech dofir besonnesch fir d’Awunner vun Hunchereng, Fenneng an Naerzeng asetzen. D’LSAP wëll Hunchereng op 4000 Awunner wuessen loossen. Mir halen dat net fir dei richteg Optioun. Mir wëllen, dat eis Dierfer niewent Beetebuerg hiren eegene Charakter a Charme behalen. Mir sinn eng Gemeng awer net een Duerf."

De Luc ass President vun der Jugendkonferenz, dem Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendorganisatiounen.

"Jonker interesséieren sech fir Politik, well se interesséieren sech fir hiert Liewen. Och an enger Gemeng mussen déi Jonk matschwätzen. Mir wëllen hiert Engagement ënnerstëtzen. A mir fuerderen och, dat si eng Hand mat upaken."

Als President vun der Jugendkonferenz ass de Luc vill an der Welt ënnerwee.

"Nëmmen duerch Austausch kréie mer genuch Versteesdemech. Dat ass d’Viraussetzung fir e friddlecht Mateneen. Och an eiser Mëtt liewen haut vill Mënschen aus anere Länner an anere Kulturen. Den Austausch mat eisen Partnergemengen awer och eist Engagement iwwer «Beetebuerg hëlleft» weisen eng Bereetschaft, fir iwwer eis Grenzen ze kucken."

Dir kënnt de Luc kontaktéieren iwwer

Telefon: 621 323 712

Mail: l.klonski@yahoo.fr

An Dir fannt de Luc och op Facebook.



Luc Klonski (32) est originaire de Fennange. Au conseil communal il aimerait défendre les intérêts des habitants de Huncherange, Fennange et Noertzange. Luc a suivi des études en sciences politiques et préside la Conférence Générale de la Jeunesse Luxembourgeoise. Dans cette fonction il contribue à élargir la participation des jeunes et des non-luxembourgeois à la vie sociale et politique. Avec sa partenaire Najlaa Mahboubi il habite maintenant à Bettembourg.