Museken aus der Gemeng Beetebuerg zu Valpaços

D'Harmonie Municipale Beetebuerg an d'Fanfare vun Hunchereng-Fenneng-Näerzéng waren leschte Weekend zesummen op Valpaços, der portugiesescher Partnergemeng vu Beetebuerg. Zesummen hunn d'Musikanten op der Festplaz vu Valpaços e Concert gespillt. Duerno war et un der Harmonie vu Valpaços. Zum Ofschloss hunn déi dräi Museken zesumme gespillt.

Owes huet de Buergermeeschter vu Valpaços d'Musikanten an d'Vertrieder vun der Gemeng Guy Frantzen, Laurent Zeimet a Sylvie Jansa op en Iessen invitéiert.