Senior Olympics - Résidence an de wisen zu Beetebuerg
to see more pictures.
Senior-Olympics: Eng sportlech Traditioun, déi am Joer 2024 ugefaangen huet !
Am Joer 2024, am Kader vun den Olympesche Summerspiller, hu mir fir d’éischte Kéier d’Initiativ vun eise Senior Olympics op d’Bee gesat – eng Iddi, déi vum Geoffrey Toffano, Référent HUMANITUDE koum.
Wat als klenge sportlechen Austausch geduecht war, huet sech séier zu engem richtegen Highlight am Joer entwéckelt.
Bedeelegt gi mir hei vu follgenden Haiser:
Op Lamp vu Waasserbëlleg (Sodexo)CIPA Gréngewald vun Nidderaanwen (Sodexo)Waassertrap vu Bieles (Gemeng Suessem)Zesummen hu mir aus dëser Iddi e sportlecht Event iwwer véier Deeg (1 Dag pro Haus) gemaach, wou jiddwer Haus mat 6 Bewunner.innen, déi eng bei déi aner op Besuch gaange sinn. All Etapp war eng flott sportlech Erausfuerderung, wou eis Bewunner.innen géint- a matenee sportlech Aktivitéiten absolvéiert hunn – ëmmer mat vill Freed, Humor an Engagement. Eis Educateuren/-tricen hu sech ëmmer flott Spiller ausgeduet an dëst zesumme mat hiren Ekippen vum Terrain op d'Bee gesaat.
Eng Traditioun ass also gebuer:
2024: D’Senior Olympics – eis éischt sportlech Olympiad fir Senioren
2025: Den „Sportstreff“ – dat zweet sportlecht Zesummekommen
2026: D’Olympesch Wanterspiller – ënnert dem Motto „Wanter Senior Olympics“
Et ass also schonn dat drëtt Joer hannerteneen, wou mir dëse sportlechen Austausch zesumme mat deenen aneren Haiser organiséieren. Eis Bewunner sinn ëmmer mat vill Freed dobäi an d’Stëmmung ass ëmmer aussergewéinlech.
A wéi steet et mat de Resultater? Ma jo… mir ginn et zou: d’Residenz an de wisen ass all Kéiers drëtt ginn! 😄 Mee domat kënne mir gutt liewen – virun allem well de Gréngewald esou wéi esou ëmmer gewënnt!
Wat awer wierklech zielt, ass d’Beweegung, d’Freed, d’Zesummenhalt an déi vill lëschteg Momenter, déi dës Eventer zu eppes ganz Besonneschem maachen. Mir freeën eis elo schonn enorm op wieder Editiounen!