Ouverture vum Danzsport-Bettendref

Deen am Mee 2013 neigegrennten Veräin “Danzsport Bettendref” hat den 4. Juli op eng Porte Ouverte an den Centre Polyvalent op Gilsdref invitéiert fir sech bei deser Geleeenheet deenen aneren Duerfveräiner virzestellen, a seng Aktivitéiten ze présentéieren.

Ronn fofzeg Memberen, Frenn a Vertrieder aus lokalen Veräiner an aneren Danzveräiner waren komm fir op deen neien Club unzestoussen.
A senger Usprooch as de President Paul Donceel op déi nach ganz jonk Geschicht vum “Danzsport Bettendref” agaang an huet erzielt wéi an der Fueswoch am Kader vun engem Danzfestival am Europapark zu Rust teschent dräi danzbegeesterten Koppelen d’Iddi vun deem neien Club entstaanen as.

Ee ganz groussen Merci huet en der Bettendrefer Gemeng gesot fir déi zwee wonnerbar Säll an deenen d’Memberen vum Danzsport Bettendref trainéieren duerfen.
Den Buergermeeschter Albert Back huet den Danzsport Bettendref a senger Ried als neien Veräin an der Gemeng häerzlech wellkom geheescht an allen Dänzer vill Spass bei hirem flotten Hobby gewenscht.

No deem offiziellen Deel war et dun awer héich Zäit fir d’Musik opzedréien an d´Danzschong unzedoen. D’Invitéen kruten d`Geleeenheet den Dänzer aus verschiddenen Veräiner uerchter d’Land beim Danzen an Trainéieren nozekucken, an no an no huet sech dann och deen een oder aneren getraut selwer een Tiirchen Standard oder Latäin ze danzen. Fir eis Dänzer war et awer och eng flott Geleeenheet fir mol eng Kéier virun Puplikum trainéieren ze kennen.

Den Danzsport Bettendref organiséiert keng Danzcoursen, den But vum Veräin as et Trainingsméiglechkeeten fir Koppelen déi einfach nemmen gären danzen, ambitionéiert Hobbykoppelen oder och Koppelen déi Danzen als Leestungssport bedreiwen unzebidden. Op eisen Trainingsowender gin ofwiesselnd Standard an Latäinmusik gespillt, hei kann een déi an der Danzschoul geléiert Schrett widerhuelen, seng Technik an Choreographien trainéieren oder einfach nemmen op deem schéine groussen Parquet seng Tiirecher dréien.

Wann der elo firwetzig gi set a méi iwert den Danzsport Bettendref wesse wellt da besicht eis am Internet: www.danzsport-bettendref.lu