Invitatioun op eis 51. Guide/Scoutskiermes
Donneschdes, den 09. Mee 2024,
op Christi Himmelfaart & Europadag
Programm :
11.00 Auer – Wuertgottesdéngscht an der Kapell zu Bilschdref
12.00 bis 14.00 Auer – Kiermesmenü " Op Europa Tour "
* Détailer iwwer de Menü an eisem Flyer
Präis : 30.00 Euro ( Kanner 15.00 Euro )
Umeldung fir d’Menüen, bis spéitstens den 05. Mee 2024 op:
E-Mail : bilsdorf@asbl.lgs.lu
GSM 621 290 124
De Präis vum Kiermesmenü kënnt Dir op eise Kont
LGS Asbl - Comité Bilsdorf - Bic : BCEELULL –
Iban : LU37 0019 5355 6225 8000 iwwerweisen,
mam Vermierk “ Europa Menü„
14.00 bis 16.00 Auer - " Europa Quiz "
Huelt deel un eisem flotten „Europa Quiz“ entweder dobannen am Relais oder verbonnen mat engem Trëppeltour zu Bilschdref.
Mat e bësse Gléck gewannt Dir eng Corbeille mat ville gudde Saachen aus ganz Europa.
12.00 bis 17.00 Auer
- Hot Dog - waarm Wiirschtescher a Mettwurschten
- Taart / Kaffi / Gedrénks