Blodere fir de gudden Zweck

De Weekend vum 13. bis de 15. Abrëll hat déi national CaraPio-Equipe vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten erëm hiren Iron Scout organiséiert.

Beim Iron Scout kréien d‘CaraPio d‘Chance fir kënnen op engem Trëppeltour vun am ganze 65 Kilometer un hir perséinlech Limitten ze goen, a verschiddener esouguer iwwert hir Grenzen ewech.

Freides owes ab 7 Auer sinn 68 CaraPio an hir Chef lues a lues zu Bilschdref am Chalet ukomm. No enger klenger Zopp an engem kuerze Briefing ass et dunn an d‘Bett gaangen, well de Wecker samschdes moies um 5 Auer geschellt huet.

Schnell goufen e puer Schmiere gemaach, déi eng oder aner Séissegkeet agepaakt, de Bidon gefëllt an du goung et kuerz viru 6 Auer op de Wee. Um Programm stounge 65 Kilometer ronderëm de Stau mat vill op an of. De ganzen Dag iwwer ass bei sonnegem Wieder an agreabelen Temperature getrëppelt ginn. Owes ass et dunn erëm e bësse méi frësch ginn an et huet och liicht ugefaange mat reenen.

Ënnerwee kruten déi Jonk op verschiddene Posten Iessen a Gedrénks, den Dag iwwer Schmiere, Waasser, Uebst oder Eppes fir ze schneeken. Owes gouf et fir d‘Energiereserven ze fëllen an d‘Moral ze stäerken e gudde Chilli Con Carne respektiv eng Ratatouille. Nieft dem Iessen ass och op deene Posten all kéiers kontrolléiert gi wéi déi verschidden Equippen an der Zäit louchen.

Déi schnellsten Equipe huet déi 65 Kilometer an 16 Stonne gemaach. Déi lescht Equipe ass um xxx erëm zu Bilschdref am Chalet ukomm. Och huet net Jiddereen déi 65 Kilometer gepackt. Mä d‘Zäit an d‘Distanz sinn net esou wichteg. Méi wichteg war et datt Jiddereen säi Bescht ginn huet an seng perséinlech Limitte konnt erausfannen an eventuell esouguer doriwwer ewech goen.

Nieft dem Spaass um Trëppelen an dem Teste vu senge Limitten, gouff awer och de gudden Zweck grouss geschriwwen. D‘CaraPio konnte sech am Virfeld fir all getrëppelte Kilometer Sponsore sichen. Esou sin am ganzen 5070,25 Euro fir d‘Associatioun Kanner Wonsch® Luxembourg a.s.b.l. zesumme komm an 3695 Kliometer goufe getrëppelt. Kanner Wonsch® Luxembourg a.s.b.l. erfëllt schwéier kranke Kanner Wënsch fir hinnen an hiren Elteren neie Mutt a Liewensfreed ze ginn.

Um Enn vum Weekend hunn d‘CaraPio voller Stolz kënnen de Scheck un den Här Fred Heinen vu Kanner Wonsch® Luxembourg a.s.b.l. iwwerreechen