Elsy Kohnen-Kremer va Bënzelt - 95 Joer

Elsy Kohnen-Kremer va Bënzelt - 95


Dëser Deeg konnt de Buergermeeschter vu Wäiswampech, Néckel Polfer, der Madamm Elsy Kohnen-Kremer am Numm vum Buergermeeschter-a Schäfferot fir hire 95. Gebuertsdag felicitéieren. D’Madamm Kohnen gouf de 16. November 1930 zu Bënzelt gebuer an huet do hiert ganzt Liewe verbruecht. De 5. August 1953 huet se sech mam Aloyse Kohnen bestuet. Vum Béchel ass se op Tomm geplënnert, wou se zesumme mat hirem Mann de Bauerenhaff iwwerholl huet. D’Koppel huet 5 Kanner groussgezunn, d’Nicole, den Henri, de Pierre, den Albert an d’Marie-Jeanne. D’Elsy Kohnen an hire Mann Aloyse hunn sech hiert ganzt Liewe laang an der Bënzelter Duerfgemeinschaft engagéiert. Leider ass hire Mann den Aloyse am Joer 2020 gestuerwen, sou datt déi houfreg Boma vun 9 Enkelkanner an Ur-Boma vun 9 Urenkelkanner zënterhier mat der Hëllef vun hire Kanner, enger Betreiung a mobilen Hëllefsservicer eleng um Haff wunnt. (Photo & Text KoFo)