Generalversammlung

Réckbléck bei den Sänger van der Héid

Wäiswampech. Viru Kuerzem hun d’Sänger van der Héid Holler, Bënzelt, Bréidelt hir 38. Generalversammlung zu Wäiswampech am Restaurant Sensa vum neien Hôtel Anatura gehalen. No der Begréissung vun der Präsidentin Marie-Paule Johanns-Hamer, huet d’Sekretärin Mady Hentz-Schneider iwert een gudd gefëllten Programm bericht. Gesond Finanzen goufe vun der Kassiererin Francine Johanns präsentéiert. Keessereviseuren Astrid Huet-Plumer an Pia Spaus hun den Keessebericht kontroléiert an approuvéiert. No enger klenger Virschau op 2025 kruuten d’Otilia Barbosa an den Laurentino De Sousa den Insigne de Mérite fir 5 Joer vum Här Paschtouer Michel Meyer iwerreecht.

No der Generalversammlung ass engt gudd Mëttegiessen servéiert gin an esou ass den Nomëtten bei gudder Laun gemittlech ofgeschloss ginn.