Offiziell Aweiung vun der „Klompen in de koestal“-Ausstellung

Den 20. Abrëll 2023 hunn mir eis hollännesch Ausstellung „Klompen in de koestal“ an der Präsens vum Här Minister Claude Haagen offiziell ageweit. Et handelt sech heibäi ëm ee gemeinsame Projet vum „Musée rural Binsfeld“ a vum „LEADER Éislek“.


Um 15h30 huet den Här Buergermeeschter Henri Rinnen déi vill Visiteuren häerzlech begréisst, éiert d‘Ausstellung mam traditionellen Duerchschneide vum Bändchen offiziell ageweit gouf. Nodeems jidderee Geleeënheet krut fir sech d’Ausstellung unzekucken a puer Erklärungen heizou ze kréien, hunn mer eis rëm all am Zelt versammelt. Nieft de Riede vum Här Minister Claude Haagen, dem Präsident vum Interesseveräi Bënzelt-Holler-Breedelt Fred Huet an dem Präsident vum Leader Éislek Marcel Thommes, gouf och d’Ried vun der Madamm Ria Hepp-Zuidberg, Stellvertriederin vun der Vereenegung vun den hollännesche Baueren hei zu Lëtzebuerg, virgelies duerch d‘Madamm Margot Hayen-Bourggraff. Madamm Hepp-Zuidberg war nämlech leider verhënnert. Den Här Ambassadeur Cees Bansema huet sech och leider misse kuerzfristeg ofmellen a konnt seng Ried net wéi geplangt halen. Dono huet Gemeng Wäiswampech nach op ee Patt mat Schnittercher invitéiert.


Mir soe MERCI:

- Un all Familljen déi eis un hirer Liewensgeschicht deel huele gelooss hunn

- Un d‘ „Verenigung Nederlandse Agrariers in Luxemburg“ fir d’Ënnerstëtzung bei der Kontakt-Vermëttlung

- Un de „Centre de Documententation sur les Migrations Humaines“ vun Diddeleng fir d’Asiicht an hiert ëmfangräicht Archiv

- Un de „Leader Éislek“, an domat och dem Landwirtschafts-Ministère, fir d’Begleedung vum Projet a fir déi finanziell Ënnerstëtzung

- Un den Tourismus-Ministère fir déi finanziell Ënnerstëtzung


D’Awanderung vun den Hollänner huet d’Liewen hei zu Lëtzebuerg immens gepräägt. Net nëmmen hunn Sie déi lëtzebuergesch Landwirtschaft trotz de ville Schwieregkeeten déi se haten, staark beaflosst, mee och duerch hir Beméiungen sech ze integréieren, d’Alldagsliewen am Allgemengen.


Dëse wäertvollen Deel vun der Lëtzebuerger Geschicht huet elo seng fest Platz am Musée zu Bënzelt fonnt. Dësen ass all Dag vu 14 bis 18 Auer op. Mer freeën eis op Äre Besuch.


Fotoën:

1.: © Fernand Koch, Fotoclub Camera on t‘Our

2.: © Irma Hentz, Fotoclub Camera on t’Our