65 Jar no der Ackerbauschoul

65 Jar no der Ackerbauschoul

Op Aluedung vum Kass Willi an e puer Kollegen hunn sech viru kuerzem 28 fréier Schüler mat hiren Damme getraff fir hiren traditionelle Konveniat vun der Ackerbauschoul 1956-58 ze feieren.

Den Dag huet mat enger Mass, zelebréiert vum Här Abbé Martin Molitor, an der Dekanatskierch zu Ettelbréck ugefaangen. Et ass besonnesch un déi verstuerwen 39 Klassekomeroden an un all Direkteren a Professere vun der Schoul an dem Pensionat geduecht ginn, Dat éischt Joer waren 100 Schüler an 3 Klassen opgedeelt. Am zweete waren et der nach 76 an am Schlussexame waren et der 63, an dovun hunn der 28 mat der Mentioun „très bien“ ofgeschloss, wat ee formidabel Resultat war.

No der Mass sin di fréier Schüler, mat hieren Dammen, an de Gebailechkeete vun der Gemeng empfaange ginn. De Buergermeeschter, den Här Jean-Paul SCHAAF, huet si beim Éierewäi wëllkomm geheescht. Den Här Pascal NICOLAY, Schäffen a Jong vum deemolege Professer Paul Nicolay, ass op den Historik an déi haiteg Situatioun vun der geplangter Nordstad agaangen.

Bei engem gudde Mëttegiesse si schéin Erënnerungen a flott Anekdoten diskutéiert ginn an ofschléissend ass fest gehal ginn, sech d’nächst Jar erëmzegesinn.

Pier FREICHEL via mywort