De Sketchowend 2013 ass eriwwer! Mir soe Merci!

Eisen traditionellen Sketchowend ass leider schonn eriwwer! Merci uns eis super Publikum!!

Een groußen Merci un d’Sketchéquipe 2013, déi erëm fir een genialen Optrëtt gesuergt hunn, an un den Claude Schmit, deen et erëm Méiglech gemaach huet, dass d’Sketchéquipe erëm op der Bühn stoen konnt. Merci un den Tom Weyer, deen fir d’ Musek an d’ Stëmmung gesuergt huet. Dann soen mir dem Club des Jeunes Merci, déi fir een gudden Service gesuergt hunn an och gehollef hunn mat op an ofriichten, esou wéi och alleguer déi Memberen vum Biwer Dëschtennis, déi gehollef hunn op an of ze riichten, déi hannert dem Comptoir geschafft hunn, déi Bréidercher gemaach hunn an déi bei der Tombola gehollef hunn.

Dann och nach een groußen Merci un d’Sylvie Nilles an den Jeff Greis, déi fir den Entrée um Sketchowend gesuergt hunn, an un eis Sponsoren, déi ons bei eiser Tombola ënnerstëtzt hunn. Eisen lëschten Merci geet un eisen Präsident den Fernand Weyer, deen dofir gesuergt huet, dass am Fancy alles esou gelaaf ass wéi et sollt sinn, an fir d’ Platzen um Sketchowend gesuergt huet.

Et war eng super Stëmmung am mir freeën eis schonn op d’ nächst Joer! Den 8. März 2013 trieden mir zu Berbuerg am Centre Beaurepaire op.

Merci!

Dëschtennis Olympique Biwer a.s.b.l.

www.dto-biwer.npage.eu