Fir seng Famill kann een net

Wa vu fënnef Geschwëster der véier e liichten Eck ewech hunn, dann huet deen een et net einfach. Esou d’Geschicht ronderëm Theatersteck “Fir seng Famill kann een net”. Bei deem lëschtegen 3 Akter vum Hans Schimmel, fräi iwwersat vum Pierre Alzin, wousst d‘Theateréquipe vun der Biwer Musek, ënnert der Regie vum Claude Schmit, hiert Publikum ze begeeschteren an esou munnech Zeen hat e groussen Applaus verdéngt.