Generalverammlung vum FC Jeunesse Biwer

E Freiden, den 3. Juli 2015 hat de Comité op séng alljährlech Generalverammlung agleueden.

No der Begréissung vum Präsident Nies Marc hunn de Sekretär Zeimet Chris an de sportleche Leeder Birtz Steve e klénge Réckbleck iwwert déi sozial Aktivitéiten vum Veräin esou wéi dat sportlëcht Ofschneiden vun den zwou Seniors-Equippen an der Spillzäit 2014/2015 gemaach.

Duerno wor et um Jugend-Sekretär Delleré Michel, deen de Leit e Réckbléck vun der Jugend gemaach huet. Wéi emmer woren d’Fussball-Terrainen déi ganz Saison gutt besicht an eis Jongen an Meedercher konnten gutt Resultater erzillen.Ausgezeechent fir déi meeschten Trainingspräsenzen goufe bei de Poussins den Sibinovic Lazar, de Morette Raphael an den Hirt Ben. Bei de Minimes woren dat de Videira Rui, d’Inacio Stella, de Metzler Tim an de Carvas Mike.

Um nächste Punkt stoung dunn d’Organisatioun vun der Jugend fir déi nei Saison. Den FC Jeunesse Biwer ass frou doriwwer, datt sech eng nei Jugendkommissioun fonnt huet, bestehend aus folgende Leit: Hüsslein Maggy, Birtz Steve, Delleré Michel, Moschtert Tom, Moschtert Jeff, Hirt Marc,Turping Jean-Marc, Inacio Christiane, Videira Carla, Schwaller Josiane esou wéi den Traineren Oliveira Gabriel an Hansen Nico.
De President huet dunn déi néideg Erklärungen betreffend d’Organisatioun vun der neier Entente am Jugendberäich mat Gréiwemaacher a Berbuerg ginn. Detailer dozou fannt Dir um neien Internet-Site www.fcbiwer.lu.

De Morette Heng huet dunn de Rapport vun der Keess zum Beschte ginn. Den FC Jeunesse Biwer schléisst d’Joer mat engem Boni vu ronn 10.000€ of, dat awer nëmme wéinst dem Don an der Héicht vun 20.600€ vum 75-Joer-Comité.

No de Virstellungen vun den Transferen esou wéi den Usproochen vum neien Trainer Jan Küchling an dem Buergermeeschter Nicolas Soisson goufen dunn nach déi austriedend Comité-Memberen mat engem Cadeau verabschid: de Baconnier Stephan (20 Joer am Comité), de Kasel Claude (15 Joer am Comité) an de Bruck Germain (5 Joer President).

Merci gouf och dem Famini Leo gesot. Hien wor ëmmer do fir d’Matcher vun eiser Jugend ze päifen.

Zum Schluss huet de Nies Marc jidderengem fir seng Hëllef Merci gesot an d’Leit op e gudde Patt an e Barbecue agelueden.

Den aktuelle Comité setzt sech aus folgende Leit zesummen:
Baulesch Romain, Bichler Pol, Birtz Steve, Delleré Michel, Feller Steve, Heuker Tom, Hüsslein Maggy, Morette Henri, Moschtert Jeff, Moschtert Tom, Nies Marc, Olinger Laurent, Rech Christian, Saraiva Nuno, Weis Christian, Zeimet Chris