D‘Bouneweger Musek um WMC zu Kerkrade

Nodeems de WMC (World Music Contest) zu Kerkrade 2021 duerch d‘Pandemie ofgesot gouf, huet d‘Bouneweger Musek mat hire 65 Museker an hirem Dirigent dem Romain Kerschen dann dëst Joer de Wee an Holland fir déi 19. Editioun vum Concours fonnt.


De WMC gëtt all 4 Joer säit 1951 zu Kerkrade gehalen a gëllt als Weltmeeschterschaft fir Blos- a Perkussiouns Ensembelen. Wärend de 4 Wochen vum Concours (7. - 31. Juli 2022) koumen iwwer 20.000 Museker aus ënnerscheedleche Länner zesummen, déi a verschidde Kategorien an Divisiounen hiert Kënnen virgewisen hunn.


Den 22. Juli huet d‘Bouneweger Musek sech dunn an der 1. Divisioun vun de Fanfaren der Jury gestallt. Mam Imposé Paradise Cave vum hollännesche Komponist Jacob de Haan hunn si hiren Optrëtt ugefaangen. Als zweet stoung d‘Stéck Temptations um Programm, wat de lëtzebuergeschen Komponist Marco Pütz fir d’Bouneweger Musek komponéiert huet an deementspriechend zu Kerkrade uropgefouert gouf. Ofgeschloss huet d‘Bouneweger Musek mam Stéck The Wilderness vum Rossano Galante.


Déi lëtzebuergesch Fanfare konnt mat hirer Musikalitéit an hirem Klang iwwerzeegen. Mat engem Resultat vun 86,67 Punkten konnten di Bouneweger soumat eng Goldmedaile mat Heem bréngen.


De Weekend zu Kerkrade huet sech nierwend der musikalescher Leeschtung awer och als flott Erliefnis gewisen, virun allem fir déi vill jonk Musikanten.


Zeréck zu Lëtzebuerg sinn d‘Musiker bei hirer Arrivée vun de Schäffe vun der Stadt Lëtzebuerg an Députéierten Maurice Bauer a Laurent Mosar empfaange ginn. Den erfollegräiche Weekend gouf mat engem gemeinsame Schlussiesse gekréint.


D’Bouneweger Musek wëll och all deene Leit Merci soen, déi si op hirem Wee op Kerkrade ënnerstëtzt hunn an hinnen mat léiwe Wënsch nom Concours gratuléiert hunn.

Barbara Cardoso a Clarisse Cahen