Primiz zu Bouneweg

Den 2. Mee huet den Yves Olinger an der Kiirch zu Bouneweg séng éischt Mass gehalen.

Um Ufank vun der Mass huet d’Mme Jij Linster de Primiziant begréisst an ass kuerz op säi Liewenslaf agaang. Den Yves Olinger huet eng Ausbildung als Schoulmeeschter gemaach. Duerno huet hien eng Rei Joeren zu Bouneweg Schoul gehalen. Hien huet de Ruff vu Gott héieren an huet sech entscheed, als Geeschtlech Christus nozefollegen.


Séng Formatioun huet hien zu Paräis an zu Boston gemaach. Hien huet eng Reih Stagen gemaach a war als Diakon an der Paar Wooltz Sts-Pierre-et-Paul.


Eng ganz Reih Geeschtlech waren do fir mam Yves Olinger séng éischt Mass ze feieren. All Gemeinschaften vu Bouneweg hu sech un der Gestaltung vun der Mass bedeelegt : d’Chorale Ste Cécile, ënnert der Leedung vum Här Laurent Willkomm a mam Här Grégoire Baumberger op der Uergel ; de Jugendchouer « Joyful » zesummen mam Här Antonio Capurso, an d’Chorale vun der portugiesescher Gemeinschaft.


A sénger Priedegt huet de Pater Josy Birsens SJ betount, dass de Geeschtlechen ëmmer e Mënsch bleiwt, an dass vun him net ze vill däerf erwaart ginn. No der Mass war eng Receptioun am Centre Culturel wou den Här Raymond Bausch, Präsident vun der Kierchefabrick, dem Primiziant all Guddes gewënscht huet. Den Yves Olinger huet a séngem Schlusswuert all deene Merci gesot, déi hien op séngem Wee begleed huet.