Generalversammlung vun der Fanfare Buerglënster

De 26. Januar hat d'Bierger Musek (Fanfare Buerglënster), fir d'Generalversammlung op d’Bierger Schlass agelueden.

Virun engem gutt besate Sall huet den Tun Niesen, als Vertrieder vum President, all Membere begréisst, besonnesch d'Buergermeeschtesch, d'Madame Francine Colling-Kahn an den Här John Breden als Vertrieder vum Gemengerot. Aus dem Aktivitéitsrapport vun der Sekretärin Eliane Schmitz ass ervirgaang, dass d'Prouwen dëst Joer gutt besicht waren, dass d'Stëmmung besonnesch gutt war an dass di ronn 40 Manifestatiounen vill Succès haten.

De Keesserapport vum Raymond Nilles huet gewisen dass d'Keess gesond ass an esouguer e klenge Schrack no vir konnt maachen. Dat gouf vun de Keesserevisoren bestätegt, déi och eng korrekt Ofrechnung konnte feststellen. Si goufen fir dat nächst Joer an hirer Funktioun bestätegt. Am Komitee gouf d'Martine Clement duerch d'Elisabeth Kremer ersat, awer de Poste vum President ass nach weiderhin op bliwwen. Fir d'Joer 2013 huet d'Françoise Molitor de graffe Programm virgestallt an dunn der Gemeng proposéiert eng Revisioun vun der Éierung vun de Musikanten, déi niewent de Sportler schlecht ewegkommen, an d'A ze faassen. D'Madame Buergermeeschter huet Verständnis dofir gewisen an der Bierger Musek fir hir Aarbecht an hiren Asaz an der Gemeng félicitéiert.

No der Éierung vum Elisabeth Kremer, dem Lynn Grethen, dem Claire Bollendorff, dem Raymond Jentsch an dem Françoise Sales-Molitor fir di meescht Prouwebesich goufen dunn nach folgend Musikante fir hir laangjäereg Aktivitéit geéiert: d'Lynn Grethen an d'Jessy Schroeder fir 5 Joer, d'Claire Bollendorff, d'Claire Nickels an de Jean Molitor fir 10 Joer, de Chef Claude Kauffmann fir 30 Joer a schliisslech de René Thewes an den Tun Niesen fir 50 Joer. Den Owend gouf gemittlech mat engem Iessen um Bierger Schlass a gudder Stëmmung ofgeschloss. (N.S.)