Seniore Club Gemeng Buurschent

A sénger 11. Generalversammlung huet de Seniore Club Gemeng Buurschent folgend Jubilare geéiert : d'Madame Bauer-Besselich Hannelore an d'Madame Thill-Schroeder Irma (85 Joer) Malget-Majerus Constance, Ludivig-Goller Irma a Grommes Mathias ( 80 Joer). De Seniore Club Gemeng Buurschent zielt 57 Memberen a kuckt op e gutt gefëllten Aktivitéitsbericht 2015 zréck. Porte-Ouverte ass jeweils den éischte Mëttwoch vum Mount ( außer Januar a Februar). Doniewt sinn flott Ausflich an interessant Besichtigunge geplangt. Am Comité vum Seniore Club Gemeng Buurschent sinn: Alice Peters-Lucas, Lucie Streveler-Wolter, Marga Reuter-Kohl, Triny Feierstein-Gillen, Irma Ludivig-Goller, Monique Verbist-Mathay a Claire Glaesener.