Bous.Op Initiativ vun der Ëmweltkommissioun hunn d’Schoulkanner aus dem Cycle 2.2 aus der Bousser Grondschoul den 10. Dezember zesumme mat der Natur- a Bëschverwaltung zu Ierpeldeng „ um Fodäcker“ an engem Bongert 16 Uebstbeem geplanzt.
Am Ufank huet de lokale Fierschter, den Tom Engel de Schüler Sënn an Zweck vun esou Aktiounen erkläert. Dobäi huet hien op d‘Wichtegkeet vun de Beem an der Gewan fir Déierewelt higewise. Eng Rei Déiere sinn op dës Liewensräim ugewisen. Nieft Vullen, ewéi dem Steekauz, dem Dréihälschen oder dem Grengspiecht bidden d’Bongerten och de Fliedermais, den Igelen oder de Siweschléifer e Liewensraum. Beie, Wëllbeien an aner Insekte fannen hei am Fréijoer Pollen an Nektar. Mee net nëmme fir d’Biodiversitéit an d’Landschaftsbild sinn d’Bongerte wichteg. Déi héichstämmeg Uebstbeem liwweren eis och nach gutt a gesond Uebst, dat net huet misse gesprëtzt ginn.
Bei de Beem, déi dee Mëtteg vun de Kanner zesumme mat de Bëschaarbechter geplanzt gi sinn, huet et sech em Äppelbeem gehandelt.