Grouss Botz zu Bous-Waldbriedemes

An Zesummenaarbecht mat den Awunner an de lokale Veräiner, huet d’Ëmweltkommissioun vun der Gemeng Bous-Waldbriedemes de 14. Mäerz hir traditionell «Grouss Botz» organiséiert. Obwuel et déi ganz Nuecht virdrun ewéi mat Eemere geschott hat, hunn eng 40 motivéiert Erwuessener an eng etlech Kanner trotz richteg killem Fréijoerswieder dee muttwëlleg ewech geheiten Offall laanscht d‘Landstroossen, d‘Feld- a Bëschweeër ronderëm eis Uertschaften agesammelt. Um Enn sinn esou nees eng etlech Kiloen Dreck zesummekomm. Nom Sënnere vum Dreck (Glas, PMC/Valorlux, Metall, Autospneuen a Reschtmüll) op der Plaz, ass de Leit d’Ausmooss eréischt richteg bewosst ginn.

No der Sammelaktioun huet Gemeng all de Leit e gudde Maufel offréiert. D’Gemeng an d’Ëmweltkommissioun soen all de Fräiwëllege villmools Merci fir hiren Engagement.